Är Gesondheet, Är Liewensfreed EASY HEALTH
EASY HEALTH entdecken

Easify your health!

Mat EASY HEALTH vum Liewe profitéieren

EASY HEALTH ass déi Zousazkrankeversécherung, déi et Iech erlaabt d'Liewen onbeschwéiert ze genéissen. Si ass de perfekte Schutz a gräift esouguer do, wou déi gesetzlech Krankekeess d'Käschten net iwwerhëllt. 

Mat EASY HEALTH braucht Dir Iech an Zukunft keng Gedanke méi iwwer d'Käschte fir en neie Brëll, d'Lasere vun den Aern, Zännbehahndlungen a villes méi ze maachen. Fir Iech d'Liewen nach méi einfach ze maachen, hu mir d'Leeschtunge vun EASY HEALTH erweidert. Dir hutt elo den exklusive Service Best Care⁺, deen am Fall vu schwéierer Krankheet eng direkt Hëllef garantéiert, an d'Auslandskrankeversécherung Travel⁺ gratis an Ärem Kontrakt dran. 

Limitéiert Offer

Profitéiert vun engem direkte Versécherungsschutz ouni allgemeng Waardezäit vun 3 Méint, wann Dir virum 01.08.2024 ofschléisst. 

Dir wiesselt Är Versécherung?

Wann Dir schonn eng Zousazkrankeversécherung zanter méi wéi 8 Méint hutt an Dir wëllt op EASY HEALTH wiesselen, da sidd Dir direkt ofgedeckt: all d'Waardezäiten (allgemeng a spezifesch) falen ewech. 

EASY HEALTH

Devis ufroen

Virdeeler

Brëll, Kontaklënsen oder Ae-Laser?

Fir Ären neie Brëll oder Är Kontaktlënsen kritt Dir all zwee Joer bis zu 500€ rembourséiert. Profitéiert och vun engem Remboursement vu bis zu 3 000€ fir eng Ae-Laser-Operatioun.

Keng Angscht méi virun enger Rechnung vum Zänndokter

Egal ob Zännbehandlung, Kroun oder Kieferorthopädie, Die Sidd och da verséchert, wann déi gesetzlech Krankekeess net gräift.

Profitéiert vun ambulante Behandlungen

Dës Garantie deckt ënnert anerem medezinesch Leeschtungen, Kinesitherapie an alternativ Behandlungsmethoden. Och d'Leeschtugne vun Hiewamne sinn inclus. 

Am Spidol sidd Dir e Patient éischter Klass

D'Käschte fir eng stationär Behandlung ginn iwwerholl. Profitéiert ausserdeem vun enger Hospitalisatioun an der 1. Klass, enger Behandlung duerch den Chefdokter am enger deeglecher Indemnitéit. 

 

D'Garantie BEST CARE⁺ hëlleft Iech am Noutfall

Si erlaabt et Iech an engem Noutfall innerhalb vu 5 Aarbechtsdeeg e Rendez-vous bei engem Spezialist, eng ausféierlech Recommandatioun oder eng zweet Meenung ze kréien. Wann eng Operatioun noutwänneg ass, gëtt de Rendez-vous fir Iech gemaach. 
Loosst Iech bei enger uerger Diagnos vu Fachleit beroden. 

TRAVEL+ an Ärem Kontrakt enthalen

Dir sidd wärend Äre Reesen an Europa a weltwäit verséchert. Bei engem Accident oder enger Krankheet ginn d'Behandlungskäschten am Ausland iwwerholl. Genéisst Är Reese mat rouegem Gewëssen! 

EASY HEALTH

Devis ufroen

Informatiounsvideoen

EASY HEALTH vun DKV Luxembourg

Devis ufroen

EASY HEALTH

Devis ufroen