Op wéi eng Manéier kann ee seng Primme bezuelen?
D’Primme kënnen net nëmme pro Mount mee och pro Trimester oder Semester (mat 2 % Escompte) oder pro Joer (mat 3 % Escompte) bezuelt ginn.
Bezuele kann de Client per Virement (Versécherungsnummer uginn) op e Kont vun DKV Luxembourg oder duerch SEPA-Ofbuchung. Mir weisen drop hin, datt eng Ofbuchung nëmme vun engem Lëtzebuerger Kont méiglech ass.
- SEPA-Optragsformulaire fir Privatpersounen
Fir Primmen, déi all Mount bezuelt ginn, kann d’Domiciliatioun nëmmen iwwer SEPA-Ofbuchung gemaach ginn.