Versécherung géint Akommesverloschter fir Fräiberuffler an Independanten CONTINUE PLUS
CONTINUE PLUS

CONTINUE PLUS

Dir sidd selbstänneg oder üübt eng fräiberufflech Tätegkeet aus?
Wousst Dir, datt Dir am Fall vun enger Aarbechtsonfäegkeet wéinst Krankheet oder engem Accident net duerch déi obligatoresch Krankekeess ofgeséchert sidd?

Wann Dir d’Versécherung géint Akommesverloschter CONTINUE PLUS ofschléisst, hutt Dir an dëse Fäll Usproch op Dagesindemnitéiten a sidd finanziell ofgeséchert.

Virdeeler

Dir bestëmmt d’Héicht vun den Dagesindemnitéiten

Fir Iech e Maximum u Flexibilitéit ze erlaben, bestëmmt Dir selwer de Betrag vun den Dagesindemnitéiten, deen am beschte bei Är individuell Besoine passt.

Dir bestëmmt, wéini d’Leeschtungen ulafen

Äre Preferenzen no fänkt d’Ausbezuele vun den Dagesindemnitéiten den 8., 15. oder 31. Dag un. Am Fall vun engem Accident ass dat och scho vum éischten Dag u méiglech.