HOSPITAL HEALTH
HOSPITAL HEALTH
Devis ufroenHOSPITAL HEALTH
Devis ufroenDir wëllt eng Zousazversécherung, nëmme fir de Fall vun enger Hospitalisatioun? Dann ass HOSPITAL HEALTH déi ideal Léisung fir Iech. Si kënnt fir déi zousätzlech Käschten am Fall vun enger stationärer Hospitalisatioun op. Esou musst Dir Iech keng Suergen ëm ongeplangte finanziell Ausgabe maachen, déi mat de Remboursementslächer vun der obligatorescher Krankeversécherung verbonne sinn.
Virdeeler
Remboursement vun de Spidolskäschten
Den Transport an der Ambulanz bis an d’Spidol (bis zu 400 km), d’Käschte fir e stationäre Spidolsopenthalt (och ouni Bedeelegung vun der obligatorescher Krankeversécherung), déi medezinesch Leeschtungen, d’chirurgesch Agrëffer, och Accouchementer, all dat si Käschten, déi Dir rembourséiert kritt.
Rooming-in fir d’Elteren
Wann Äert Kand verséchert ass, kritt Dir d’Käschte vum Rooming-in rembourséiert, sou datt Dir bei Ärem Kand bis zum Alter vun 12 Joer am Spidol iwwernuechte kënnt, ouni Iech wéinst de Käschte Suergen ze maachen. Bei der Gebuert vun engem Kand gëtt och den Openthalt vum Papp iwwerholl.