Leader am Beräich vun der privater Krankeversécherung zu Lëtzebuerg DKV Luxembourg
Entdecken
Infoen & Tools/Eis Gesellschaft

Eis Gesellschaft

En erfuerenen a performante Gesondheetsspezialist zanter 1981

DKV Luxembourg bitt eng breet Pallett u Servicer un, vun der minimaler Reeskrankeversécherung bis zu der kompletter Gesondheetsversécherung – souwuel zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland.

Duerch eng kontinuéierlech Analys vum Marché gëtt séchergestallt, datt d’Clienten a Bezuch op d’Qualitéit vun de Produiten zefridde sinn an datt d’Gesellschaft sech permanent un d’Entwécklung vum Marché upasst. D’Besoinen, d’Ufuerderungen an d’Erwaardunge vun de Clientë bestëmmen d’Entwécklung vun de Produiten, déi ugebuede ginn. 

Als Gesondheetsspezialist ass DKV Luxembourg e kompetenten an zouverlässege Partner fir all Froen am Zesummenhang mat der Gesondheetsversécherung, sief et fir Privatclienten an/oder fir Geschäftsclienten.

Stäerkten

Strategie

Als Assureur wëll DKV Luxembourg esou ville Leit ewéi méiglech erlaben, vun enger qualitativ héichwäerteger an erschwénglecher Krankeversécherung profitéieren ze kënnen. Wann néideg, gi Léisungen op d’Mooss entwéckelt an un d’Besoine vun de Clienten ugepasst.

Individualitéit

D’Clientë vun DKV Luxembourg kënne sech fir modulabel Produiten entscheeden an esou nëmme fir déi Déngschter a Leeschtunge bezuelen, déi si och wierklech brauchen. D’Basis dofir ass eng individuell Diagnos an en Austausch mat engem vun eise qualifizéierten Agenten.

E kontinuéierleche Verbesserungsprozess

De Choix vun enger Krankeversécherung ass eng Entscheedung fir d’Liewen. Fir déi richteg Decisioun ze huelen, brauch de Client d’Ënnerstëtzung vu kompetenten Uspriechpartner. Dofir leet DKV Luxembourg besonnesch vill Wäert op d’Weiderbildung vun hire Mataarbechter.

Sécherheet

DKV Luxembourg engagéiert sech, hir Tariffer permanent vun externen an neutralen Experten iwwerpréiwen ze loossen. Fir sécherzestellen, datt d’Offer u Produiten a Servicer um neiste Stand ass, analyséiert d’Gesellschaft d’Besoine vun hire Clienten, bedreift Maartfuerschung a suivéiert och iwwer d’Grenzen eraus, wéi eng Produiten nei entwéckelt ginn. 

Sponsoring

DKV-Urban Trail

 

Den DKV-Urban Trail ass eng Course an der Natur an duerch d’Stad. Si riicht sech un d’Leefer vun allen Altersgruppen, déi, onofhängeg vun hire Leeschtungen an hirer Situatioun, un engem sportlechen Abenteuer deelhuele wëllen. An d’Liewe geruff gouf den DKV-Urban Trail vum José Azevedo, dem véierfache Lëtzebuerger Marathon-Champion an Drëtten op der Trail-Weltmeeschterschaft vun 2007. De Startschoss vum éischten DKV-Urban Trail ass den 30. Mee 2010 gefall. Haut beweise sech lëtzebuergesch an auslännesch Leefer op den Distanze vun 13, 18, 27 a 34 Kilometer an d’Nordic Walker op enger Distanz vun 13 Kilometer.

 

Méi dozou