Infoen & Tools/FAQ/Wat ass eng Franchise?

Wat ass eng Franchise?

Bei eisen integrale Versécherunge kënnt Dir eng Franchise pro Kalennerjoer virgesinn. Dat bedeit: Bis zu der Héicht vun der festgeluechter Franchise (aktuell 800,00 EUR fir Erwuessener) bezuelt Dir Är Facturë selwer. Fir déi Zomm, déi doriwwer erausgeet, kritt Dir déi Leeschtung, déi am Kontrakt festgehalen ass. Mat der Franchise kënnen esou d’Primmen, déi pro Mount fir déi jeeweileg Assurance ze bezuele sinn, erofgesat ginn.