Wat ass eng Zousazversécherung?
Zu Lëtzebuerg ass déi gesamt aktiv Bevëlkerung gesetzlech verflicht, sech bei der obligatorescher Krankeversécherung unzemellen. D’Leeschtunge vun der obligatorescher Versécherung gesi praktesch ëmmer eng Participatioun vum Patient un de Käschte vir, sief et beim Dokter, am Fall vun Zännprotheesen oder Accessoirë wéi z. B. e Brëll. Mat enger Zousazversécherung vun DKV Luxembourg kënnt Dir dës Lächer stoppen. Dëst gëllt fir jiddereen, deen zu Lëtzebuerg gesetzlech verséchert ass, awer och fir d’Fonctionnairë vun der Europäescher Union (EU)