Wat soll ee beuechten, wann e Spidolsopenthalt néideg ass?
En Openthalt am Spidol ass an der Reegel u sech scho keen angeneemt Erliefnes a kann ausserdeem nach zu enger grousser finanzieller Belaaschtung féieren. Fir dat ze verhënneren, sollt Dir, wann e Spidolsopenthalt néideg ass, DKV Luxembourg S.A. esou séier ewéi méiglech informéieren, fir d’Prise en charge vun de Käschten ze klären.
Mir roden Iech, eis ëmmer virun engem Traitement ze kontaktéieren, wann e Spidolsopenthalt geplangt ass.
Fir Ären Openthalt méi angeneem ze maachen, hu mir mat enger Rei vu Spideeler an der Regioun en Accord iwwer d’Prise en charge vun de Spidolskäschte getraff.