Dateschutz/Cookien

Cookien

Wéi vill aner Websäite kann eise Site https://www.dkv.lu Informatiounen, déi aus Ärem Browser kommen, späicheren oder erauszéien, allgemeng a Form vu Cookien. Dës Informatiounen hëllefen eis, eise Site un Är Erwaardungen unzepassen, fir Iech eng méi personaliséiert Erfarung bidden ze kënnen.

Wat ass den Zweck vu Cookien?

Cookië si kleng Textfichieren, déi op Ärem Computer, Ärem Smartphone oder all anerem internetfäege Gerät placéiert a gespäichert ginn, wann Dir e Site besicht. Cookië sinn nëtzlech, well si dem Internetsite erméiglechen, de Benotzer erëmzeerkennen.

Bei LALUX setze mir Cookien an, fir datt de Benotzer op eng effikass Manéier vun enger Säit op déi aner navigéiere kann.

Fir d’Benotzung vum Site noutwenneg Cookien

Dës Cookië sinn néideg, fir datt Är Navigatioun um Internetsite an an Ärem Clientsberäich gutt funktionéiert (Sessiouns-Cookien). Dës Cookien hu verschidde Virdeeler, besonnesch deen, dozou bäizedroen, Äert Privatliewe bei Ärer Visitt ze schützen. Si erlaben Iech ausserdeem, Funktioune wéi z. B. d’Sichfunktioun ze notzen an op eng geséchert Manéier Online-Formulairen auszefëllen. Ouni dës Cookië kéinte mir Iech net déi Déngschter ubidden, déi Dir vun eis erwaart.

Wann Dir an Äre Clientsberäich ageloggt sidd, bidden d’Cookien Iech méi Sécherheet, andeem si Iech opfuerderen, Är Sessioun zouzemaachen oder/an se automatesch zoumaachen.

Dës Cookien erhiewe keng perséinlech Donnéeën an déi gespäichert Informatiounen däerfen net fir kommerziell Zwecker benotzt ginn.

Performance-Cookien

Dës Cookien erlaben eis ze verstoen, wéi eis Visiteuren de Site benotzen, an esou de Fonctionnement vum Site ze moossen an ze verbesseren. Mir kënnen esou zum Beispill déi Säiten identifizéieren, déi am meeschten an am mannste consultéiert ginn. D’Cookië berechnen och d’Zuel vu Visiteuren, d’Zäit, déi all Visiteur um Site verbréngt, an d’Methoden, wéi Informatiounen um Site gesicht ginn. Si erlaben eis, de Site ze optiméieren a sécherzestellen, datt all Säit richteg gelueden an ugewise gëtt (Webanalys-Cookie vu Google Analytics).

All d’Informatiounen, déi vun dëse Cookië gesammelt ginn, sinn anonym a ginn op keng Manéier mat Äre perséinlechen Donnéeë verbonnen.

Respekt vun Ärer Privatsphär

Mir engagéieren eis fir de Schutz vun Ärem Privatliewen an halen eis un déi follgend Prinzippien:

  • Mir verknëppen Är Cookië mat kenger Informatioun, mat där Dir perséinlech identifizéiert kéint ginn. Iwwer d’Cookien ass et ni méiglech, Är Adress, Äre Gebuertsdatum, Är Telefonsnummer oder all aner Informatioun, mat där Dir kéint identifizéiert ginn, erauszefannen.
  • Mir gi keng perséinlech Informatioun, déi iwwer d’Cookien erhuewe gouf, un Drëttpersoune weider.

Gestioun vun Äre Cookie-Astellungen

Mir ginn Iech d’Méiglechkeet, d’Erhiewe vu Cookien an den Astellunge vun Ärem Internet-Browser ze blockéieren. Wann Dir den Typ/d’Versioun vun Ärem Browser net kennt, kënnt Dir uewe riets an der Fënster op „Help” klicken. Héi fannt Dir déi néideg Informatiounen.

Wann Dir den Typ/d’Versioun vun Ärem Browser kennt, kënnt Dir op déi entspriechend Linken ënne klicken, fir Är Cookie-Astellungen ze geréieren:

Méi Informatioune fannt Dir op der Säit: https://www.youronlinechoices.com/fr/.

Cookien akzeptéieren

Ob e Cookie op sengem Gerät gespäichert gëtt, bestëmmt eenzeg an eleng de Benotzer. Wann Dir an Ärem Internetbrowser akzeptéiert hutt, datt Cookië gespäichert ginn, kënne Cookien, déi an deene vun Iech consultéierte Säiten an Inhalter integréiert sinn, temporär an engem spezielle Beräich vun Ärem Gerät gespäichert ginn. Si kënnen hei nëmme vun hirem Emetteur gelies ginn.

Cookië refuséieren

Wann Dir refuséiert, datt Cookien op Ärem Gerät gespäichert ginn, oder wann Dir gespäichert Cookië läscht, kënnt Dir net méi vun enger Rei vu Funktioune profitéieren, déi awer fir d’Navigatioun a verschiddene Beräicher vun eisem Site néideg sinn. Mir kënnen an deem Fall all Verantwortung fir Konsequenzen ofleenen, déi sech aus engem verschlechterte Fonctionnement vun eisen Déngschter erginn, well mir net méi an der Lag sinn, fir de Fonctionnement néideg Cookien, déi Dir refuséiert oder geläscht hutt, ze späicheren oder ze consultéieren.

Méi Informatiounen iwwer d’Cookien: https://www.allaboutcookies.org/fr/