Infoen & Tools/FAQ/Vu wéini u gëllt de Versécherungsschutz?

Vu wéini u gëllt de Versécherungsschutz?

De Versécherungsschutz gëllt ab deem Datum, deen op der Versécherungspolice uginn ass (Ufank vun der Versécherung), awer net virum Ofschloss vum Versécherungskontrakt – dat heescht, net éier d’Versécherungspolice vu béide Parteien ënnerschriwwen ass an och net virum Oflaf vun de Waardezäiten. Fir Versécherungsfäll, déi agetruede sinn, éier d’Assurance gëllt, gi keng Leeschtungen erbruecht. Versécherungsfäll, déi nom Ofschloss vum Kontrakt antrieden, sinn nëmmen da vun der Leeschtungsflicht ausgeschloss, wa si an d’Zäit virum Ufank vum Versécherungsschutz oder an d’Waardezäit falen.