Infoen & Tools/FAQ/Wat versteet een ënnert engem Gruppekontrakt?

Wat versteet een ënnert engem Gruppekontrakt?

Mat engem Gruppekontrakt kënnen all d’Membere vun engem am Viraus bestëmmte Grupp, déi sech duerch eng gemeinsam Charakteristik auszeechnen (zum Beispill d’Mataarbechter vun engem Betrib), obligatoresch verséchert ginn. Fir dëse Grupp gëtt en eegenen aktuariellen Tarif gerechent.