TRAVEL
Reeskrankeversécherung
Dir plangt eng Rees an d’Ausland? Egal, ob Dir an d’Vakanz fuert oder berufflech verreest, op d’Reeskrankeversécherung TRAVEL sollt Dir op kee Fall verzichten, fir datt Dir Ären Openthalt onbeschwéiert genéisse kënnt!
Als Client vum LALUX Groupe kënnt Dir TRAVEL direkt an der easyAPP ofschléissen.
Spidolsopenthalt an der 1. Klass
Déi stationär Behandlungen, d’Operatiounskäschten an, wann néideg, de medezineschen Transport an d’Spidol ginn iwwerholl.
Am Spidol gitt Dir an engem Eenzelzëmmer ënnerbruecht.
Als Elterendeel ginn och Är Hebergementskäschten am Fall vun enger stationärer Behandlung vun engem Kand (ënner 13 Joer) iwwerholl.
