Infoen & Tools/Aktuell Neiegkeeten/easyAPP Home: den neie Clientsberäich vum Grupp LALUX

easyAPP Home: den neie Clientsberäich vum Grupp LALUX

Nodeems 2021 d’mobil Applikatioun LALUX easyAPP erauskoum, huet de Grupp LALUX hire Clientsberäich mat easyAPP Home ëmgestalt, den neie perséinleche Beräich an deem d’Clientë vu LALUX (Liewens- an Net-Liewensversécherungen) a vun DKV Luxembourg (Gesondheetsversécherungen) all hir Versécherungskontrakter op där selwechter Plaz consultéieren a geréiere kënnen.
 

  1. D’Benotzer vun der mobiller App musse keen neie Kont ariichten, si kënne sech mat deene selwechte Login-Donnéeën (E-Mail a Passwuert) umellen.
  2. Nei Benotzer (oder fréier Benotzer vu lalux for you) mussen en neien easyAPP-Kont ariichten (d. h. d’Clientsnummer, d’Handysnummer, d’E-Mail-Adress uginn an e Passwuert festleeën).  
     

Gitt op easyAPP Home a profitéiert vu enger ganzer Rei vun digitalen Déngschter, wéi de Remboursement vu Gesondheetskäschten ufroen, e Schued mellen, Är perséinlech Donnéeën änneren oder Dokumenter wéi Steiercertificaten an Attestatiounen ufroen. Selbstverständlech kënnt Dir weiderhi vun engem privilegiéierte Kontakt mat Ärem Agent profitéieren.