Partenariat mam Laboratoire BIONEXT
Service tiers payant
DKV Luxembourg bitt an Zesummenaarbecht mam Laboratoire fir medezinesch Analyse BIONEXT alle Clienten, déi eng Versécherung fir ambulant Behandlungen ofgeschloss hunn, eng komplett oder Deelverrechnung (Tiers payant) fir eng Rei vun den heefegsten Analysen an der Biomedezin un.
Esou musst Dir net méi déi gesamt medezinesch Käschte virstrecken.
Wann Dir an eng Bluttanalys gitt, dann denkt drun, engem Mataarbechter vum Laboratoire matzedeelen, datt Dir bei DKV Luxembourg verséchert sidd. Hie kann dann iwwerpréiwen, ob d’Käschten direkt vun DKV Luxembourg iwwerholl kënne ginn.
A mam Service PICKEN DOHEEM, dee BIONEXT ouni Zousazkäschten ubitt, hunn d’Clientë vun DKV Luxembourg och d’Méiglechkeet, hir Bluttanalyse praktesch a mobil op enger Adress vun hirem Choix maachen ze loossen, sief et doheem oder op hirer Aarbechtsplaz.
Mir stinn Iech gäre fir all Froen zum Service Tiers payant zur Verfügung:
T +352/42 64 64-868 | info@dkv.lu
Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech gär un d’Mataarbechter vun Ärem BIONEXT-Labo oder direkt un eise Partner BIONEXT adresséieren:
T +352/27-321 | info@bionext.lu | bionext.lu | Lëscht vun den BIONEXT-Zenteren