Infoen & Tools/Aktuell Neiegkeeten/Prise en charge vun de Käschte fir refraktiv Chirurgie-Behandlungen
  • Aktuell Neiegkeeten vu DKV Luxembourg

    Entdeckt d'Neiegkeeten

    Prise en charge vun de Käschte fir refraktiv Chirurgie-Behandlungen

    Direktofrechnung vun de Käschte fir refraktiv Chirurgie-Behandlungen

    DKV Luxembourg bitt Iech an Zesummenaarbecht mat ausgewielte Behandlungszentren en exklusive Service, bei deem Är Käschten direkt iwwerholl ginn. Esou kënnt Dir Leeschtungen am Zesummenhang mat refraktiver Chirurgie am Kader vun Ärem ofgeschlossene Kontrakt bequeem an ouni perséinleche Bäitrag op der Basis vun der Käschtenzouso vun DKV Luxembourg S.A. an Usproch huelen.

    Bei dëse Behandlungszentre fir refraktiv Chirurgie profitéiert Dir vum Service vun enger direkter Prise en charge vun de Käschten:

    Esou leeft déi direkt Prise en charge of:

    Demande fir d’Prise en charge vun de Käschten
     

    Dir braucht nëmme bei Ärem Berodungsgespréich bei engem vun den uewe genannte Behandlungszentren eng Demande fir d’Prise en charge vun de Käschten auszefëllen an ze ënnerschreiwen. Dës Demande gëtt da vum Zentrum direkt un DKV Luxembourg geschéckt an do analyséiert. Duerno schéckt DKV Luxembourg hir Käschtenzouso un de Behandlungszentrum an Dir kënnt Äre Rendez-vous direkt plangen.

     

    Direktofrechnung
     

    Nodeems DKV Luxembourg hir Käschtenzouso bestätegt huet, kann Är refraktiv Chirurgie-Behandlung stattfannen.

    Duerno ginn d’Käschten direkt tëschent DKV Luxembourg an dem jeeweilege Behandlungszentrum op der Basis vun de Garantien, déi an Ärem Tarif enthale sinn, ofgerechent. Dir bezuelt nëmmen deen Deel, deen iwwer Är Leeschtungsofsécherung erausgeet.

    D’Bestätegung fir d’Prise en charge vun de Käschten an d’Ofrechnung vun de Leeschtungen, aus där ervirgeet, datt DKV Luxembourg d’Rechnung bezuelt huet, fannt Dir um Clientsportal yourDKV.

    Fir zousätzlech Informatioune sti mir Iech gären zur Verfügung:
    T +352/42 64 64-868 | info@dkv.lu