#LALUXOfficeTalk & #LALUXShorts
Praktesch Rotschléi an Tipps ginn, Versécherungsléisunge presentéieren an dobäi d’Kompetenze vun de Mataarbechter ervirsträichen: d’Ziler vun der Videoserie fir Content-Marketing #LALUXOfficeTalk an #LALUXShorts si ganz vilfälteg.
D’Videoe goufe mat der Videoproduktiounsagence SKIN erstallt. Si behandelen e breede Spektrum vu Sujeten an ënnersträichen d’Expertise vun de Mataarbechter an Agente vum Grupp: Mobilitéit, Pensioun, Gesondheet, digital Déngschter.
D’Videoe goufen 2022 lancéiert a ginn an zwee komplementär Formater gewisen:
- #LALUXOfficeTalk: detailléiert Informatiounen iwwer d’Produiten oder Kombinatioune vun Assurancen, déi vu LALUX ugebuede ginn
- #LALUXShorts: ganz kuerz Videoen an engem vertikalen, immersive Format, fir e Produit oder en Déngscht virzestellen.
D’Iddi hannert dësem „Infotainment”-Format ass déi, sech vun enger klassescher Publicitéitscampagne ze ënnerscheeden an dës Videoen an de soziale Medien ze verbreeden, fir datt déi breet Ëffentlechkeet, d. h. déi besteeënd Clienten an d’Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder nei an d’Land kommen, kënnen dovu profitéieren.
All eis OFFICE TALK- a SHORTS-Videoe fannt Dir op dëser Säit.
All déi aner LALUX-Spotte sinn um YouTube-Kanal ze gesinn.