Mussen Ännerunge fir d’automatescht Ofbuche vun de Primmen oder vun de Bankverbindungen ëmmer schrëftlech gemaach ginn?
Dës Ännerunge mussen ëmmer schrëftlech gemaach ginn, sief et iwwer E-Mail, Fax oder per Post, an d’Versécherungsnummer enthalen. Wann d’Bankverbindung fir d’Ofbuche vun de Primme sech ännert, brauche mir dat ënnerschriwwent SEPA-Mandat am Original.
- SEPA-Optragsformulaire fir Privatclienten
Fir Primmen, déi all Mount bezuelt ginn, kann d’Domiciliatioun nëmmen iwwer SEPA-Ofbuchung gemaach ginn.