Wat ass am Fall vun enger geplangter Zännprothees ze maachen?
Éier Dir mat der Behandlung ufänkt, loosst Iech vun Ärem Zänndokter en detailléierten Devis ausstellen. Domat kritt Dir en Iwwerbléck, wéi eng Behandlungskäschten op Iech duerkommen.
Dësen Devis musst Dir als éischt un Är gesetzlech Krankekeess schécken. Mir roden Iech, dat och am Fall vun enger integraler Krankeversécherung ze maachen, well Är perséinlech Bedeelegung esou reduzéiert kéint ginn.
Schéckt duerno wgl. dee vun der gesetzlecher Krankekeess akzeptéierten Devis bei eis an. Mir informéieren Iech dann direkt, wéi eng Käschte vun DKV iwwerholl ginn.