Wat ass eng Affiliatioun vun engem Kand?
E neigebuerent Kand kann direkt no der Gebuert ouni Waardezäit an ouni Gesondheetscheck privat bei DKV Luxembourg verséchert ginn, wann een Elterendeel zanter mindestens dräi Méint bei DKV Luxembourg S.A. verséchert ass. Den Assuré muss d’Affiliatiounsdemande bannent deenen éischten zwee Méint no der Gebuert vum Kand areechen. De Versécherungsschutz vum Kand kann awer net méi ausgedeent sinn ewéi dee vum Assuré.
Dës Affiliatioun ass och am Fall vun enger Adoptioun vun engem Kand méiglech. An dësem Fall ass en Delai vun zwee Méint ab dem Dag vun der Adoptioun anzehalen. Bei Froe kënnt Dir Iech gär per Telefon oder E-Mail (service@dkv.lu) un d’DKV-Mataarbechter oder -Beroder aus dem Clientsservice adresséieren.