Dateschutz/Dateschutzerklärung

Dateschutzerklärung

Dateschutzerklärung

DKV Luxembourg riicht Moossname fir de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën an. An der follgender Dateschutzerklärung kënnt Dir Iech driwwer informéieren, wéi eng perséinlech Donnéeë bei der Benotzung vun dësem Internetsite erhuewe ginn a wéi dës Donnéeë verschafft, benotzt a geschützt ginn.

1. Uwendungsberäich

1.1
Déi follgend Dateschutzerklärung gëllt fir d’Benotze vum Internetsite www.dkv.lu an déi domat verbonne Sitten ewéi de Clientsportal, de Portal fir d’Agenten an de Portal COMPANY (www.company.dkv.lu).

1.2
Fir d’Verschaffe vun den Donnéeë verantwortlech ass DKV Luxembourg S.A., 11-13 rue Jean Fischbach, L-3372 Leudelange. Den Dateschutzbeoptraagte ka kontaktéiert ginn iwwer d’Adress: dpo@lalux.lu

1.3
Perséinlech Donnéeën, déi Informatiounen iwwer eng bestëmmten oder identifizéierbar natierlech Persoun enthalen, falen an d’Kategorie vun de perséinlechen Donnéeën. Dozou zielen zum Beispill Informatiounen ewéi den Numm, d’Postadress, d’E-Mail-Adress oder d’Telefonsnummer genee ewéi Benotzerinformatiounen ewéi d’IP-Adress. Déi perséinlech Donnéeë ginn am Aklang mat de gesetzleche Virschrëften erhuewen, verschafft a benotzt.

2. Automatiséiert Erhiewen a Verschaffe vun den Donnéeën duerch de Browser

2.1
Wéi all Internetsite erhieft a späichert de Server vun DKV Luxembourg automatesch an zäitweileg déi follgend Informatiounen an de Server-Logfiles, déi vum Browser iwwerdroe ginn, wann Dir d’Cookien net desaktivéiert hutt:

  • d’IP-Adress vum Computer, vun deem d’Ufro ausgeet
  • d’Fichieren, déi de Client ofrifft
  • den http-Äntwertcode
  • d’Quantitéit vun iwwermëttelten Donnéeën
  • den Internetsite, vun deem aus Dir eis besicht (Referrer-URL)
  • den Datum an d’Zäit vun der Serverufro
  • den Typ, d’Versioun an d’Sprooch vum Browser
  • de Betribssystem, deen de Computer, vun deem d’Ufro ausgeet, benotzt.

Eng Verwäertung vun de perséinlechen Donnéeën aus de Logfiles fënnt net statt. Äre Fournisseur kann zu kengem Moment eng Verbindung tëschent dësen Donnéeën a bestëmmte Persounen hierstellen. Dës Donnéeë ginn och net mat aneren Datequellen zesummegefouert.

Zousätzlech Sessiouns-Cookien erlaben et, eng ageloggt Persoun ze identifizéieren, an dat eenzeg an eleng mam Zweck, eng sécher Verbindung bei private Sessiounen ze garantéieren.

2.2
Den Internetsite an d’Portaler vun DKV Luxembourg benotzen de System Google Analytics, en Déngscht fir d’Webanalys vu Google Inc. („Google”) an de System Google Maps, Cookie-Politik consultéieren.

3. Erhiewen a Verschaffe vu matgedeelten Donnéeën

3.1
Beim Ofschloss vun engem Versécherungskontrakt hutt Dir perséinlech Donnéeën uginn. Dës Donnéeë ginn deelweis an Ärem Clientsberäich iwwerholl. Et stinn Iech zwou Funktionalitéiten zur Verfügung:

  • Är Coordonnéeën aktualiséieren,
    E Schued mellen.

D’Donnéeën, déi mat der Meldung vun engem Schued verbonne sinn, gi benotzt, fir de Versécherungskontrakt auszeféieren a fir all Zort vu Bedruch ze verhënneren. Dës Donnéeë ginn un d’Mataarbechter vun DKV Luxembourg S.A., 11-13, rue Jean Fischbach, L-3372 Leudelange, iwwermëttelt a si fir d’Agente vum LALUX-Reseau zougänglech.

3.2
D’Donnéeën, déi sech op d’Coordonnéeë bezéien, gi benotzt, fir d’Geschäftsbezéiunge mat de Clienten ze geréieren – dozou gehéiert och (souwäit si dat net refuséiert hunn), d’Clienten iwwer Produiten oder Déngschtleeschtungen ze informéieren, déi änlech oder komplementär sinn am Verglach mat deenen, déi si schonn ofgeschloss hunn. Dësen Traitement ass fir de berechtegten Interêt vun DKV Luxembourg S.A. néideg a fir hir Clienten op Versécherungsproduiten an -déngschtleeschtungen opmierksam ze maachen a si esou ze beroden. Dës Donnéeë si fir d’Mataarbechter vum Grupp LALUX a fir d’Agente vum LALUX-Reseau zougänglech.

3.3
D’Dauer fir d’Versuerge vun Ären Donnéeën ass begrenzt op d’Dauer vum Traitement vun den Donnéeën an den Zäitraum dono, wärend deem d’Donnéeë versuergt musse ginn, fir et der fir den Traitement verantwortlecher Persoun ze erlaben, hir Verflichtungen a Bezuch op d’Verjärungsfrist oder aner gesetzlech Bestëmmungen ze erfëllen.

4. Erhiewen a Verschaffe vu fräiwëlleg matgedeelten Donnéeën

4.1
Et ass Iech iwwerlooss, ob Dir perséinlech Donnéeën iwwer E-Mail, am Clientsberäich oder iwwer den Internetsite matdeele wëllt. Dës Donnéeë gi fir d’Erfëlle vum Kontrakt a fir d'Beäntwerte vun Ären Devisufroen a Reklamatiounen oder Suggestioune per E-Mail benotzt.

4.2
Wann Dir wëllt, datt DKV Luxembourg Iech per Post, E-Mail oder Telefon kontaktéiert, kënnt Dir Är Telefonsnummer, Är E-Mail-Adress oder Är Postadress uginn. Dir gitt dës Donnéeën op fräiwëlleger Basis an. Är Informatioune gi vu LALUX ausschliisslech am Hibléck op eng Kontaktopnam gespäichert a benotzt.

4.3
Iwwer den Internetsite matgedeelte perséinlech Donnéeë ginn nëmmen esou laang versuergt, bis den Zweck, fir deen Dir se DKV Luxembourg uvertraut hutt, erfëllt ass. Wann d’Exekutioun ofgeschloss an den Zweck erreecht ass, ginn Är Donnéeën nom Oflaf vun de gesetzlech virgeschriwwenen Delaie blockéiert, wann Dir net ausdrécklech agewëllegt hutt, datt se nach iwwer dësen Delai eraus benotzt ginn. Well verschidde gesetzlech Delaie fir d’Versuerge vun den Donnéeë mussen agehale ginn, kënne verschidden Donnéeë bis zu zéng Joer laang gespäichert ginn.

5. Weiderleeden un Drëttpersounen

5.1
Wann Dir DKV Luxembourg perséinlech Donnéeë matgedeelt hutt, ginn dës net un Drëttpersoune weidergeleet. Eng Weiderleedung erfollegt nëmmen:

  • am Kader vun enger Awëllegung, déi Dir ginn hutt
    u Sous-traitanten, déi am Kader vum jeeweilegen Traitement beoptraagt goufen

6. Är Rechter

6.1
Dir kënnt, ouni Grënn unzeginn, gratis Informatiounen iwwer d’Donnéeën zu Ärer Persoun, déi vun DKV Luxembourg gespäichert ginn, kréien.

6.2
Ausserdeem hutt Dir laut de gesetzleche Bestëmmungen d’Recht, Är perséinlech Donnéeën ze verbesseren, ze limitéieren an ze läschen. Wann Dir eng Awëllegung fir d’Benotze vun Ären Donnéeë ginn hutt, kënnt Dir dës zu all Ament zeréckzéien, ouni e Grond unzeginn.

6.3
De Benotzer ka seng Rechter ausüben, andeem en eng Demande un dpo@lalux.lu schéckt.

6.4
Fir all Froen am Zesummenhang mam Dateschutz kënnt Dir Iech per E-Mail un d’Adress dpo@lalux.lu un den Dateschutzbeoptraagte wenden.

6.5
Dir kënnt och eng Reklamatioun bei der Kontrollautoritéit fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën areechen.