Infoen & Tools/FAQ/Wéi eng Delaie gëllen, fir e Kontrakt ze kënnegen?

Wéi eng Delaie gëllen, fir e Kontrakt ze kënnegen?

Eng Krankekäschteversécherung gëtt an enger éischter Phas fir eng Dauer vun zwee Joer ofgeschlosss. Dat éischt Versécherungsjoer fänkt um Datum un, deen op der Versécherungspolice uginn ass, an hält den 31. Dezember vum jeeweilege Kalennerjoer op. Déi nächst Versécherungsjoren entspriechen dann de Kalennerjoren. De Versécherungskontrakt kann um Enn vum Versécherungsjoer (also den 31. Dezember vun all Joer, fréistens awer um Enn vum zweete Versécherungsjoer) mat engem Preavis vun 30 Deeg gekënnegt ginn. Dës Kënnegung muss bis den 1. Dezember vum jeeweilege Joer bei DKV Luxembourg agaange sinn.
De Versécherungskontrakt fir Dagesindemnitéite gëtt an enger éischter Phas fir ee Joer ofgeschloss. Dat éischt Versécherungsjoer fänkt um Datum un, deen op der Versécherungspolice uginn ass, an hält 12 Méint méi spéit op. De Versécherungskontrakt ka mat engem Preavis vun 30 Deeg um Enn vun all Versécherungsjoer gekënnegt ginn.
D’Kënnegung muss ëmmer schrëftlech gemaach ginn a vum Assuré ënnerschriwwe sinn.