Infoen & Tools/Eis Gesellschaft/Kontakt/Suggestiounen a Reklamatiounen/Politik fir d’Gestioun vu Reklamatiounen

Politik fir d’Gestioun vu Reklamatiounen

Dëst Dokument beschreift de Prozess vun der Gestioun vun de Reklamatiounen, déi bei DKV Luxembourg S.A. aginn. All Reklamatioun gëtt vun der zoustänneger Persoun ënnersicht, well dës Persoun an der Lag ass, Iech direkt eng zefriddestellend Léisung unzebidden. De Gestionnaire vun de Reklamatioune gëtt all Reklamatioun an e spezielle Programm an. Wann Dir eng offiziell Reklamatioun bei der DKV Luxembourg S.A. areeche wëllt, da consultéiert wgl. d’Rubrik « Eng Reklamatioun formuléieren ».

Definitiounen

Am Allgemengen ass all Onzefriddenheet, déi e Plaignant am Zesummenhang mat engem Versécherungskontrakt oder enger Leeschtung bei der Versécherungsgesellschaft zum Ausdrock bréngt, als Reklamatioun ze betruechten. De Plaignant ass déi Persoun, déi Usproch drop huet, datt hir Reklamatioun vun der DKV Luxembourg S.A. ënnersicht gëtt: dozou zielen z. B. de Preneur d’assurance, de Versécherten, d’Beneficiairen ... Wann et ëm Reklamatioune geet, déi vu bevollmächtegte Vertrieder, der noer Famill oder dem juristesche Bäistand vun engem Versécherte formuléiert ginn, decidéiert de Gestionnaire vun de Reklamatiounen, ob se traitéiert kënne ginn, ouni d’Beruffsgeheimnis ze verletzen. Dir gitt selbstverständlech esou séier ewéi méiglech iwwer d’Decisioun vum Gestionnaire vun de Reklamatiounen informéiert.

Eng Reklamatioun formuléieren

D’Méiglechkeeten, fir DKV Luxembourg S.A. ze kontaktéieren:

«Reklamatiounsformulaire »

Fir Är Reklamatioun beschtméiglech traitéieren ze kënnen, biede mir Iech, op d’mannst déi follgend Punkten unzeginn:

  • den Datum vum Tëschefall (op deen Är Reklamatioun sech bezitt),
    de Grond fir Är Reklamatioun,
    eng méi detailléiert Beschreiwung vun Ärer Reklamatioun am Feld „Är Commentairen”.

Wann Dir kontaktéiert wëllt ginn, da gitt wgl. eng Adress, eng E-Mail-Adress oder eng Telefonsnummer un. All perséinlech Donnéeën an Informatioune gi streng vertraulech behandelt.

Aner Méiglechkeeten

  • Per Post:
    DKV Luxembourg S.A.
    Manager des réclamations
    11-13, rue Jean Fischbach
    L-3372 Leudelange
  • per E-Mail (FEEDBACK@DKV.LU) oder per Fax (+352/42 64 64-499).

Fir all mëndlech Reklamatioun kënnt Dir eis kontaktéieren um +352/42 64 64-1 oder Är Reklamatioun direkt am Accueil vum Siège virbréngen, wou se dann un déi zoustänneg Persoun weidergeleet gëtt.

Eng Léisung ugebuede kréien

Wann Är Reklamatioun direkt traitéiert ka ginn, kritt Dir bannent 8 Deeg no hirem Agang eng Léisung virgeschloen. Wann eng detailléiert Analys vun der Reklamatioun néideg ass, déi e bësse méi laang Zäit brauch, gitt Dir bannent 8 Deeg iwwer en Accusé de réception oder en anere Kommunikatiounswee informéiert. Bannent 30 Deeg no dëser Informatioun kritt Dir eng Léisung ugebueden.

Awänn

Wann Är Reklamatioun net zu Ärer voller Zefriddenheet traitéiert gouf, dann adresséiert Iech wgl. un DKV Luxembourg S.A., fir eng aner Léisung proposéiert ze kréien. Wann dës Léisung Iech ëmmer nach net zefriddestellt, kënnt Dir Iech un ee vun de follgenden Organisme wenden oder geriichtlech Schrëtt ënnerhuelen.

Association des Compagnies d’Assurances et de Réassurances (ACA)
12, rue Erasme
L-1468 Luxembourg
B.P. 448
L-2014 Luxembourg

Commissariat aux Assurances (CAA)
7, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg

Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC)
55, rue des Bruyères
L-1274 Howald